An der Stad oder bei der Uni?
Zu Kaiserslautern läit d’Uni am Géigesaz zur Héichschoul e bëssen ausserhalb vum Stadzentrum. Dowéinst gëtt gären ënnerscheet ob een bei der Uni oder an der Stad wunnt. D’Lëtzebuerger wunnen zu Kaiserslautern awer ob béiden Platzen.
Stad
Du wunns no vun eisem Stammdësch
Du bass méi no bei der Héichschoul
Du bass méi no beim Nuetsliewen
Et huet ee méi Akaafsméiglechkeeten
Du muss mam Auto/Velo/Bus op d’Uni fueren
Op der Uni ass et schwéier eng Parkplatz ze fannen
Uni
Du kanns moies virun der Uni méi laang schlofen
- Du kanns zu Fouss oder mam Velo op d’Uni kommen
Méi Parkméiglechkeeten
Et wunnt een méi roueg wéi an der Stadt
Du hues manner Akaafméiglechkeeten
An der Woch fiert um 23:15 den läschte Bus vun der Stadt a Richtung Uni
Wéi fannen ech eng Wunneng?
Beim LSK
Wann Wunnengen vun eisen Memberen fräi ginn an mir dat gewuer ginn, ginn mir déi Infoen gären weider. Mellt Iech gären per Email comite@lsk.lu bei eis. An eiser Facebook Grupp ginn gären Wunnengsannoncen gepost. (Mir sichen Iech awer kéng Wunneng!)
An der Stürmergruppe
Eng Grupp fir d’Studenten zu Kaiserslautern.
Hei posten vill Leit falls se en Matbewunner sichen oder falls se hier Wunneng verlounen/fräi gëtt oder d’Leit Miwwel(en) verkafen. Natierlech geet et dobäi och em Studiumsrelevant Saachen, halt en bëssi vun allem, wann een awer Interesséiert ass, kann een hei séier eppes fannen.
Schwaarzt Briet um Unicampus
Am 46er Gebai hänkt esou een Schwaarzt Briet, wei och an der Mensa. Hei sichen oft Léit en Nachmieter.
