Wéi kann een dann e Joer besser auskléngen loossen, wéi mat sengen léifsten Leit iwwert den Diercher vu Lautern! Säit Joren treffen sech hei all d’Memberen mat Rang an Numm rausgebotzt wéi keen Zweeten an 80m Héicht um 21sten Stack vun der Gemeng vun Kaiserslautern fir mateneen ze féieren. Bei engem grandiosen Buffet an dem engen oder aneren Glas Wäin, ass fir d’Gespréich an  de Spaass an enger eenzegaarteg Ambiance gesuergt. Dobäi ginn och d’Dafdiplomer un eis Bleuen iwwerreecht. Nom Iessen geet et dann an d’Nuetsliewen vun Kaiserslautern, soulaang bis d’Sonn rëm opgeet.