Wéi kommen ech op Kaiserslautern?

Mam Auto

Mam Auto fueren, deen wuel einfachsten an séiersten Wee fir op Kaiserslautern ze kommen. Fir déi déi keen eegenen Auto hunn, net gären Auto fueren oder sech suergen em hiren Ekologeschen Foussofdrock maachen, kënnen och gären an eiser Facebookgrupp fir Matfuergeleeënheeten froen ob een se mathëlt.

  • Dauer : 1h30 – 2h (ofhängeg vun den Chantieren op der Streck)
Facebookgrupp fir Matfuergeleeënheeten

Mam Flixbus

Mam Flixbus hutt dir d’Méiglechkeet all Dag an der Woch fir ongeféier 12€ op Kaiserslautern respektiv op Lëtzebuerg ze fueren. Den Trajet dauert ongeféier 2h30 an Busser sinn mat Steckdousen an Wifi equipéiert. Den Bus fir zeréck Start allerdéngs net zu Lautern, wouduerch et ganz oft zu Retarden kënnt.

Weider Informatiounen

Mam Zuch

Mam Zuch kënnt dir ganz einfach iwwert Saarbrécken op Kaiserslautern fueren. Ab Saarbrécken brauch dir mat ärer Studentenkaart keen Ticket méi an duerft gratis op Kaiserslautern fueren.

Weider Informatiounen