Fachberäicher

Architektur
Bauingenieurwesen
Biologie
Elektro- und Informationstechnik
Chemie
Informatik
Maschinenbau und Verfahrenstechnik
Mathematik
Physik
Raum- und Umweltplanung
Sozialwissenschaften
Wirtschaftswissenschaften
Dës Oplëschtung soll e klengen Iwwerbléck vun de Fachrichtungen op der TU Kaiserslautern ginn. Weider Informatiounen an déi genau Studiegäng fann dir op folgender Säit: https://www.uni-kl.de/studiengang/
Unmeldung
Semestergebühren

Fernstudium

D’Technesch Uni zu Kaiserslautern bidd och eng Rei Fernstudiumen un. Informatiounen zu dësen fann dir op folgender Säit: https://www.uni-kl.de/studium/vor-dem-studium/bewerbung/fernstudium/

FAQ vun der Uni

  • Kopie vun der Carte d‘Identitéit oder Pass
  • Kopie vun der Versëcherungskaart (sécurité sociale)
  • Kopie vum 1er Diplom
  • Bescheinegung iwwert däitsch Sprochkenntnisser
  • je no Fachrichtung: Praktiumbescheinigung (kann bis 6. Semester nogereecht ginn)
  • Passbild fir d’Studentekaart
  • Krankenversicherungsbescheinigung vun enger däitscher Versécherung

Den originalen Diplom bei der Einschreibung matbréngen

Bei der Uni sinn eemoleg Beaarbechtungskäschten an der Héicht vu 50€ fir auslännesch Studente fälleg. Zousätzlech komme beim Erstelle vun der Studentenkaart nach 8€ dobäi. Dono muss de Student nëmmen nach all Semester säi Sozialbeitrag bezuelen. Deen Betrag läit aktuell bei ongeféier 245€, mee dee gëtt awer all Semester ugepasst. Am Géigenzuch kann een am Ëmkrees vu 50 km den ëffentlechen Transport gratis benotzen an ausserdeem kritt een Ermässigunge beim Kino, an der Schwämm oder bei engem Futtballspill vum FCK.

Wantersemester:

Zulassungsbeschränkt: 15. Juli

Zulassungsfrei: 31. August

Summersemester:

Zulassungsbeschränkt: 15. Januar

Zulassungsfrei: 28. Februar

Hautzedaags, am modernen Zäitalter, kennen Demanden natierlech och digital vun Doheem aus iwwert de folgenden Link gemaach ginn.
https://www.uni-kl.de/international/bachelor/bewerber/bewerbung-einschreibung/

Weider Informatiounen zur Aschreiwung fann dir hei:
https://www.uni-kl.de/studium/vor-dem-studium/bewerbung/

Fir déi meescht Studiegäng brauch ee keen Numerus Clausus. Normalerweis kritt ee relativ schnell an direkt no der Demande eng Äntwert vun der Uni, sou dass een sech schnell op d’Sich no enger Wunneng maache kann. Zu Kaiserslautern ass dat bekanntlech net alt ze schwéier.

Lageplan

Fir dass een op der Uni d’Iwwersiicht net verléiert an en Gebai direkt fënnt gëtt et en Lageplan vun allen Gebaier:
https://www.uni-kl.de/lageplan/

Weider Informatiounen