Kaiserslautern ass eng kleng roueg a charmant Studentestad am Häerzen vum Pfälzerwald am Süde vun Rheinland-Pfalz. Zu K-Town, wéi d’Amerikaner et och nennen, wunnen ongeféier 100.000 Léit, dovunner sinn 20.000 Uni- an Héichschoulstudenten, dovunner sinn der 300 Lëtzebuerger. Déi falen awer sou gutt wéi net op. Déi 50.000 zousätzlech Amerikaner vun der US-Base (Ramstein) verléien säit den 60. Joren der Staat en Flair den eemoleg ass. D‘Staat vum rouden Däiwel huet sech sportlech ëmmer rëm an den Virdergrond gestallt. 2006 war Lautern den Austrageort vun der Futtballweltmeeschterschaft an och den 1.FCK huet sou munch Futtballfester um Betzenberg bedriwwen, wou och deen een oder aneren Titel gewonne ginn ass.

Fir Allgemeng Infoen, kann een sech ëmmer um Site vun der Stadt Kaiserslautern infoméieren.

Fortbewegung

Natierlech kann een zu Fouss duerch Lautern goen, waat och an der Innenstadt relativ gudd funktionéiert, falls Distanz awer mei grouss wéi den eegenen Auto ass hëllt een en Fortbewegungsmëttel.
Hei ginn et en puer méiglechkëeten:
  • Auto (fir d’Innenstadt net dei optimal Léisung wéinst der begrenzter Unzuel un Parkplazen)
  • Velo entweder en Egenen oder een vun VRNnextBike
  • E-Scooter vun Tier
  • Bus, hei gett et eng App vun VRN
  • Taxi

Aktivitéiten zu Kaiserslautern

Daagsiwwer loossen déi puer kleng Akafsstroosse oder den K in Lautern fräi Nomëtteger séier ëm goen. Owes gëtt et net langweileg mat de gudde Restauranten an de ville klenge Caféen wou een ënnert anerem Dart, Billard oder Kicker spillen kann. Dënschdegowes ass eise Stammdësch am Witches wou jiddereen gären Wëllkomm ass. Sport gëtt zu Lautern och grouss geschriwwen.  Soss kann een nach an der Géigend vu Lautern schwamme goen, an de Kino goen, Karting fueren, op den Betzeberg goen a villes méi. Natierlech ginn et och vill Aktivitéiten vum LSK aus.

Nëtzlech Infoen

  • Falls een eng Wunneng zu Lautern lount, dann kritt een en Ziedel vun sengem Vermieter, mat dem muss een Innerhalb vun 2 Wochen zum Bürgercenter an sech do Umellen Umeldungsprozedur. Mat Rendezvous geet et wesentlech méi séier Rendezvous huelen.
  • Wann een sech zu Lautern ugemellt huet, dauert et meeschtens och net laang, bis een en Bréif vun der GEZ (ARD ZDF Deutschlandradio Beitragsservice) kritt. Falls een eng Bourse Sociale kritt  kann een sech vum Rundfunkbeitrag befreien loossen, heizou huet d’ACEL och weider Informatiounen Befreiung vum Rundfunkbeitrag.
  • Falls Dier mat engem Auto den op Iech ugemellt ass op Lautern kommt an oft dobaussen Parkt, kann et sinn, dass Dier Iergendwann en Bréif Betreffend d’KFZ-Steiergesetz kritt. D’ACEL huet heifir en puer Moossnamen virbereet, besicht fir weider Infoen einfach dësen Link KFZ-Steiergesetz.