Wann een zu Kaiserslautern studéiert huet een de Privileeg op der Uni eng immens grouss Unzuel vun Sportaarten auszeféieren ze kënnen. Ob lo Basketball, Calesthenics oder bëssi méi exotesch Headis kann een op der Uni bis zu 85 Sportaarten bedreiwen, wou daitschlandwäit so gutt wéi keng Uni/Héichschoul d’Waasser reechen kann. An dat kann een alles eleng mat der ganz normaler Studentekaart maachen.

Ënnert dësem Link sinn all Sportaarten opgelëscht déi en zu K’lautern maachen kann:
https://www.unisport.uni-kl.de/

Ween dat nach net duergeet, kann den Fitnessstudio op der Uni(Unifit) benotzen. Hei kritt een fir wéineg Geld en voll funktionalen Studio gebueden, wou een och mol d’Virliesung vergiessen an d’Muskelen spillen loossen kann. Den Unifit bitt fir all Mënsch en “Probetraining” un, wou een op Häerz an Nieren gepréift ka ginn. Sou kann een dann kucken op den Unifit eppes fir een ass.

Awer och den LSK ass iwwert ganz Joer sportlech aktiv.

Am Summer ginn mer reegelméisseg hannert den Unisport Beachvolleyball spillen, wou mer eis akribesch op den Intercercle virbereeden. De Spaass kënnt awer do och net ze kuerz!

Wat wier Kaiserslautern ouni den Futtball? Och dofir hunn mir eng Léisung! Den LSK hellt all Joers mat enger Equipe un der Uniliga deel. Hei weisen mir den däitschen Kolleegen, dass mir och den Ball kicken kënnen an mat den Lëtzebuerger Spectateuren am Réck probéieren mir hinnen d’Liewen sou schwéier wei méiglech ze maachen.

Am Wanter gëtt sech voll an ganz op den Tournoi de Noël  vun der Acel an der Chrëschtvakanz konzentréiert. Hei spillen mir dann am Basketball, Volleyball an Futtball géint déi aner Cerclen an probéieren hei e Wiertchen bei den begierten Pokaler matzeschwätzen.