Uni oder Héichschoul? Wou soll ech studéieren? An wat ass den Ennerscheed?

All déi Froen stellt een sech als Primaner wann een säin Diplom an der Täsch huet.  Och mir am LSK haten ons déi Froen virum Studium gestalt an dofir hunn mer mol déi gréissten Ënnerscheeder tëscht der technescher Uni an der Héichschoul hei zu Kaiserslautern opgeschriwwen fir de nächsten Generatiounen en Iwwerbléck ze verschaffen an dass Nofollger net méi am donkelen tappen.

Uni

  • Technesch Uni befannen sech Studenten op engem Standuert(Kaiserslautern), heibäi handelt et sech em en Campus wat bedeit dass all Gebai no beieneen leien sou dass en an kuerzer Zäit alles zu Fouss kann zeréckleien

  • Hei studéieren ongeféier ronn 15.000, dovun beleeën ronn 5000 en Fernstudium

  • Virliesungen ginn hei virun allem an gréisseren Gruppen (>50) ofgehalen, mat den Semesteren hellt datt awer of an dass en rëm méi an klenger Gruppen

  • Den Stoff vun der Uni gëtt ëmmer immens theorielaaschteg erkläert, gëtt ëmmer alles bis an leescht Detail hiergeleet firwat eppes sou wei et ass, et gëtt en den Hannergrond vir all Problem gewisen

  • Ob lo Stonneplang opstellen, Examen umellen uerder lo den Stoff leieren, dann sinn alles wou den Student gefuerdert ass. Vun der Uni gëtt Selbststudium an Selbststännegkeet gefuerdert, fir kennen erfollegräich ze studéieren

  • Op der Uni huet en  eng länger Klausurenzeit, also huet en méi Zäit zweschen den Examen fir ze leieren, mee et huet en manner Vakanz

Héichschoul

  • Technesch Héichschoul befannen sech Studenten jee no Studierichtung op dréi Standuerter(Kaiserslautern, Pirmasens, Zweebrécken), Standuerter sinn relativ kleng et ginn op all Site just puer Gebaier de no beieneen léien.

  • Bei der Héichschoul ass alles bëssi méi kleng hei sinn 6500 Studenten op 3 Siten verdeelt

  • Hei gläich alles méi wei engem Cours aus dem Lycée, hei sinn méi kleng Klassen(<50) wou seng Matstudenten direkt all kennt

  • Bei der Héichschoul ass den Stoff vill méi praxisorientéiert, et gëtt en net alles bis an den Detail gewuer, mee et kritt Handwierksgeschier gewisen fir Problemer unzegoen an ze léisen

  • Den Léiersystem änelt dem aus dem Lycée, et gëtt engem villes administratoresch ofgeholl sou dass en sech voll an ganz op Matière konzentréieren kann dei fir Examen wichteg ass

  • Op der Héichschoul huet en eng kierzer Klausurenzeit, also huet en manner Zäit zweschen den Examen fir ze leieren, mee et huet en vill méi Vakanz

Fazit

Ob lo Uni oder Héichschoul bei béiden Ausbildungsinstituten erhält en excellente Studium, wou engem herno an der Aarbechtswelt d’Dieren opstinn. Mee dofir muss bei deenen zwou Plaze geleiert ginn, wat lo besser ass, do ass all Mënsch aneschters do muss en séin Wee fannen och wärend dem Studium ass en Wiessel och nach méiglech