Dualstudium an Fernstudium
Technesch Héichschoul bitt fir seng Student bei verschidden Studiegäng en dual Studium un. Wou den Student deels an enger Firma schafft an déi anner Hallschent studéiert.
Ausserdeem bitt d’Héichschoul eng Rei Fernstudiumen un. Informatiounen zu dësen fann dir op folgender Säit:
https://www.hs-kl.de/betriebswirtschaft/studiengaenge/bachelor/betriebswirtschaft-fernstudium/das-fernstudium
FAQ vun der Héichschoul
- Kopie vun der Carte d‘Identitéit oder Pass
- Kopie vun der Versëcherungskaart (sécurité sociale)
- Kopie vum 1er Diplom
- Liewenslaaf (CV)
- Bescheinegung iwwert däitsch Sprochkenntnisser
- je no Fachrichtung: Praktiumbescheinigung
- Passbild fir d’Studentekaart
- Krankenversicherungsbescheinigung vun enger däitscher Versécherung
Méi genau Informatiounen wat en bei Aschreiwung vun Dokumenter brauch fënnt ënnert folgenden Link:
https://www.hs-kl.de/fileadmin/studium/studieninteressierte/bewerbungsverfahren/Infoblatt_fuer
Bei der Héichschoul sinn eemoleg Bearbeitungsgebühren an der Héicht vu 50€ fir auslännesch Studente fälleg. Zousätzlech komme beim Erstelle vun der Studentenkaart nach 8€ dobäi. Dono muss de Student nëmmen nach all Semester säin Sozialbeitrag bezuelen. Deen Betrag läit aktuell bei ongeféier 240€, mee dee gëtt awer all Semester ugepasst. Am Géigenzuch kann een am Ëmkrees vu 50 km den ëffentlechen Transport gratis notzen an ausserdeem kritt een Ermässigunge beim Kino, an der Schwämm oder bei engem Futtballspill vum FCK.
Wantersemester:
Zulassungsbeschränkt: 15. Juli
Zulassungsfrei: 31. August
Summersemester:
Zulassungsbeschränkt: 15. Januar
Zulassungsfrei: 28. Februar
Hautzedaags, am modernen Zäitalter, kennen Demanden natierlech och digital vun Doheem aus iwwert de folgenden Link gemaach ginn.
https://icms.hs-kl.de/qisserver/pages/cs/sys/portal/hisinoneStartPage.faces?chco=y
Weider Informatiounen zur Aschreiwung fann dir hei:
https://www.hs-kl.de/studium/bewerbung-einschreibung
Fir déi meescht Studiegäng brauch ee keen Numerus Clausus. Normalerweis kritt ee relativ schnell an direkt no der Demande eng Äntwert vun der Héichschoul, sou dass een sech schnell op d’Sich no enger Wunneng maache kann. Zu Kaiserslautern ass dat bekanntlech net alt ze schwéier.
Lageplan
Fir dass een op der FH d’Iwwersiicht net verléiert an en Gebai direkt fënnt gëtt et en Lageplan vun allen Gebaier:
https://www.hs-kl.de/hochschule/kontakte-und-anfahrt/kaiserslautern
https://www.hs-kl.de/hochschule/kontakte-und-anfahrt/pirmasens
https://www.hs-kl.de/hochschule/kontakte-und-anfahrt/zweibruecken