LSK steet fir „Lëtzebuerger Studenten Kaiserslautern“, a wéi et den Numm schonn seet, befënnt sech de Studentencercel zu Kaiserslautern matzen am Häerzen vum Pfälzerwald. Den 26. November 1981 gouf de Cercle um Fouss vum berüümt berüchtegten Betzenberg vun e puer couragéierten Lëtzebuerger gegrënnt. Den LSK gouf deemools wéinst zwee pragmateschen Grënn an d’Liewen geruff: 1. De neien Studenten Informatiounen iwwert Lautern als Studentestad ze vermëttelen an 2. Fir um Fussballsturnoi op der Uni mat enger Lëtzebuerger Equipe matspillen ze kënnen a sech do géint hier däitsch Kolleegen ze behaapten. Wärend deenen nächsten Joerzéngten huet den Studenteveräin en entscheedenden Deel dozou bäigedroe, dass Kaiserslautern fir Lëtzebuerger Studenten ëmmer méi interessant gouf, sou dass momentan zu Kaiserslautern ëm déi 250 Lëtzebuerger op d‘Uni an op d‘Heichschoul ginn. Dovunner ass ongeféier och d‘halschent am LSK aktiv. Mee wien lo mengt, datt den LSK nëmmen Fussball ze bidden hätt, leit do komplett falsch! Mir hunn all Dënschden am Joer eisen Stammdësch, wou een den alldeeglechen Stress vergiesse an mat den aneren Memberen e puer flott Stonnen mateneen verbréngen kann. Iwwer d‘Semester verdeelt stinn och aner akademesch Manifestatiounen, wéi d‘Foire de l‘Etudiant, Student fir 1 Dag, Entrevue mat Firmen oder Erstiveranschaltungen, um Programm. Kommt einfach bis laanscht, mir als LSK freeën eis iwwer all eenzelen Member an mir huelen all Mënsch mat oppenen Äerm op.