Den LSK war vum 7-10. Oktober mat enger Delegatioun bei der 36. Editioun vun der #REEL zu München derbäi. An der bayerescher Landeshaaptstad kruten mer flott an informativ Präsentatiounen aus der Politik an der Aarbechtswelt gebueden, wou natierlech och déi kulinaresch an kulturell Säit vun München net ze kuerz komm ass. Mir soen dem Comité vun der REEL, LSM souwéi allen Partner vun der REEL villmools Merci fir déi excellent Organisatioun an Ënnerstëtzung, mir haten puer onvergiesslech schéin Deeg an mir fräen eis schoun op #REEL2022!💙