Liewen zu Lautern

Lautern ass eng flott kleng Staat vun +/- 100.000 Awunner. Ënner de ronn 19.000 Studente falen déi 300 lëtzebuergesch Studente bal net op.

Wéi kommen ech duerch Kaiserslautern?
Während dem ganzen Dag huet ee Bus Verbindungen duerch déi ganz Staat. Mam Auto twk-325-kl-c-1325-61949fënnt ee mat bëssi Chance eng Parkplaz, wou ee grad hin wëll. Spéit Owes, wann keng Busse méi fueren, kënnt een zu Fouss bannt enger gudder hallwer Stonn gutt op d’Platzen, wou eng lass ass. Wann et engem awer ze wäit gëtt, fënnt ee séier een Taxi deen ee gensteg Heem féiert.
i
i
Wéi kommen ech ouni eegenen Auto op Kaiserslautern?
Wann du keen eegenen Auto hues fir op Lautern ginn et puer Méiglechkeeten:
  • Mam Bus vu Lëtzebuerg op Lautern (Mein Fernbus)
  • Iwwer Fuergemeinschaft mat anere Lëtzebuerger op Facebook
  • Mam Bus op Saarbrécken a vun do aus mam Zuch op Lautern

Wat kann ech dann nach sou zu Lautern maachen?

bier1Puer kleng Akafsstroosse loosse fräi Nomëtteger séier ëm goen an Owes gëtt et och net langweileg mat de gudde Restauranten an de ville klenge Caféen. Et ginn och kleng Sportbar’en wous de Dart, Billard, Kicker kanns spille goen. Du bass natierlech och Dënschdegowend op eise Stammdësch invitéiert. Sport gëtt zu Lautern och grouss geschriwwen! Mam LSK kanns de Fussball spillen oder du mells dech am UniFit oder UniSport un. Soss kann een nach an der Géigend vu Lautern schwamme goen, an de Kino goen, Karting fueren, a villes méi!
.
Ee klengen Tour duerch Lautern
i
.
An wann ech elo eng But fanne wëll?
Näischt méi einfach wéi dat, wann du fréi genuch un bass 😉 Du kanns eis Comité-Memberen uschreiwen, déi äntwerten sou séier wéi méiglech. Op eiser Facebooksäit kanns de froen, ob keen eng But zur Verfügung huet. Um schwaarze Briet op der Uni oder FH fënnt sech ëmmer eppes. Nach eng Méiglechkeet ass et iwwer Internet un Immobilienagencen ze kommen, déi eppes am Angebot hunn. D’Präisser momentan leien tëschent 6,50 €/m² a 7,50 €/m² Kaltmiete. Et fënnt sech ëmmer eppes!