No zwee Joer aus covidbedéngte Grënn 🦠 goufen zu Kaiserslautern erëm d’Netzer gespaant. D’Cercelen aus verschiddene Stied uechter d’Europa waren nees am Start fir den begierten Intercercle-Pokal 🏆 fir matheem ze huelen. Hei hunn si mat grousser Passioun an Häerzblutt Beachvolleyball 🏐 gespillt a gekämpft. Um Enn konnten sech d’Ekipp aus dem Schwarzwald duerchsetzen: 🥇Freiburg (SLUF), 🥈 Saarbrécken (LSS) op der zweet Plaz a 🥉 Köln (LSC) déi drëtt Plaz.
Nieft den sportlechen Deel gouf och um Terrain och gedronk 🍺, wou d’Ekipp aus dem franséischen Elsass 🇫🇷 – Stroossbuerg (ALUS) – den Saufpokal gewonnen hunn . No der Kompetitioun konnten d’Leit zu Hohenecken owes ausklénge loossen an och feieren 🎉🍻. Dëst all Héichpunkter kënnt Dir vu elo un als Aftermovie ukucken.
Vill Spaass beim Kucken!😎