Um Optakt vun all Summersemester steet eis traditionell d’Flammkucheniessen am “Flammkuche“ um Programm. Bei dëser gastronomescher Manifestatioun kënnen d’Leit sech den Bauch mat Flammkuchen vollschloen, ganz ënnert dem Motto „All you can Eat“. Hei gëtt een mat op eng kulinaresch Rees geholl, wou een eng ganz Palett un traditionell bis extravagant Flammkuchen schmaache kann. Dono ginn mer nom Gaumenschmaus ëm den Eck an de Witches, fir do mat engem kalen Humpen alles erof ze spullen an nach puer flott Stonnen mateneen ze verbréngen.