Eng Haaptaufgab vum LSK ass den Encadrement vun den Lëtzebuerger Studenten, déi grad réischt zu Lautern ugefaangen hunn. An do ass den Cercle mat Häerz en Séil derbäi den «Erstis» den beschten Start an d’Studenteliewen ze erméiglechen. Dofir ginn och ëmmer eng sëlleg Eventer organiséiert.

D’ACEL organiséiert wéi all Joer den “Student fir en Dag”, wou natierlech och den LSK deelhëlt. De Projet «Student fir 1 Dag» bitt Leit eng eemoleg Geleeënheet, fir sech d’Uni an d’Fachhéichschoul vu Kaiserslautern, wéi och d’Staat op eng ganz besonnesch Aart a Weis kënnen ze léieren. Dëst Event hëlleft meeschtens och d’Entscheedungen ze treffen op dëst eng Uni/Stad fir een ass.

Wann een sech mol fir d’Heemecht vum Fritz-Walter entscheet huet, geet et mat dem Rallye duerch ganz Kaiserslautern weider, wou een all déi wichteg Plazen an der Stad gewisen kritt an déi éischt sympathesch Gesiichter kennen léiert.

Dono geet et dann mat der Kneipentour weider. Hei kréien dann di „néi LSKler“ d’Nuetsliewen vun Lautern gewisen. Sou léieren déi néi jonk Studenten direkt wéi se dat haart Studenteliewen erdroen kënnen.

Déi lescht Ertisveranstaltung ass traditionell ëmmer den éischten offiziellen Stammdësch wou sech dann di néi Studenten virstellen. An dono gëtt dann den Owend mat engem Fräibéier ofgeronnt.