One Houndred and Eightyyy! Gëff mer mol den Queue! Goal! Een mol am Joer dréit den LSK seng eemoleg an legendär Bistropiad aus. Hei kämpfen d‘Memberen an 2er Teams an 4 verschidden Kategorien ëm den renuméierten Wanderpokal. Nëmmen déi Studenten déi am beschten Feiler am Darts schéisst, déi meeschten Goaler am Kicker trefft, deen am schnellsten am Billard all Kugel agelacht an wien déi meeschten Humpen hieft, kann sech selwer zum Gewënner küren. An sou munchen Joren , gouf bis an d’fréi Mueresstonnen em d’Victoire gespillt, wou dann de Wanderpokal mam Sonnenopgank un  d’Gewënnermannschafft iwwerreecht ginn ass.