Den 1.Mee fänkt Moies um Unicampus un, wou mer all mat grousser Virfreed d’Wanderung op den héchsten Punkt vu Kaiserslautern an Ugrëff huelen. Ziel ass den Humbergtuerm op 430m. Fir deen awer ze erreechen muss een als éischt awer nach déi schéinsten Platzen vum Pfälzerwald passéieren an och mol heiansdo den Bollerweenchen den Hiwwel eropdrécken. Mee all Ustrengung fléien dohin, wann een mat fantastescher Aussiicht iwwert ganz Lautern belount gëtt. Wann een dann mol um Aussiichtstuerm steet. Hei verbréngen mir dann och den Dag an genéissen einfach Zäit an der Natur. Mam Sonnenënnergang an mam Meekranz am Schlepptau trieden mir dann géinter Owend och rëm d‘Heemrees un.