An den éischten Semesterwochen stoungen Eischtsemestermanifestatiounen beim LSK am Virdergrond.
Hei kruten déi néi LSKler bei engem Rallye déi schéinsten Plazen vun Lautern gewisen. Déi Woch dono gouf dann bei enger klassescher Kneipentour Nuetsliewen entdeckt an genoss. An vir Leescht gouf an eisem geléiwten Witches en Fräibéier organiséiert, woubäi sech déi néi Gesichter dem Recht vum Cercle virgestallt hunn. Mir hoffen déi Lëtzebuerger Studenten hunn sech goudd zu Kaiserslautern ageliewt an dass se nach puer flott Stonnen mat eis verbréngen wärten!