Léif Cerclen a Frënn vum LSK,

Zu Lautern gi rëm d’Netzer gespaant, fir eisen traditionelle Beachvolleyball-Intercercle.

Wéini?                19. & 20. Juni 2025

Oflaf vum Dag:

Moies um 9h00 treffe mer eis zu Otterbach bei der Grillhütt, wou mer och Owes wäerten den Ofschloss vun eisem Intercercle feieren. Vun do aus kënnt dir vun der Busnavette profitéieren, déi iech bei d’Beachvolleyballterrainen op Steinwenden féiert, an Owes rëm zréck.

Zu Steinwenden bei de Beachterrainen ukomm, kennt der an de Vestiairen an är Sportssaachen (Bikini, Box, Schung,…) klammen, an iech prett fir den Tournoi maan.

Nom kuerze Breefing geet de Spaass och scho lass, an dir kënnt iech géint aner Cerclen am Beachvolleyball, ugefeiert vun äre Spectateuren, moossen. Mee net nëmme fir de sportlechen Deel ass gesuergt. Iwwert den Dag gëtt et Béier, Sangria a Gegrilltes fir de kléngen a groussen Honger tëschenduerch.

Nom Tournoi an enger Dusch geet et mat der Busnavette zréck op Otterbach bei d’Grillhütt. Hei feiere mer dann de Gewënner op eiser legendärer Flatrateparty mat BBQ, engem Zalotebuffet, Béier a Musek. Schlofe kënnt der duerno um Site am Zelt oder am Auto.

Freidesmoies gëtt et nach e Käffchen an eng Mëtsch fir de klengen Honger, ier et fir iech rëm heem geet.

Wichteg!

Zu Otterbach sinn d’Parkplazen limitéiert. Kuckt also wa méiglech Fahrgemeinschaften ze bilden!

Adress Otterbach Grillhütt: https://maps.app.goo.gl/N1ai3V8L9YVjCuNK9

Adress Steinwenden Beachterrain: https://maps.app.goo.gl/cKjigCEMi27XB6NF7

Dir wëllt als Cercle eng Ekipp umellen?

  • Gespillt gëtt zu 4 an enger Ekipp (eventuell en Ersatzspiller aplangen)
  • Regelwierk a Spillplang kritt de Kapitän vun der Ekipp spéitsdens 3 Deeg firum IC per Mail zougeschéckt.
  • Umeldungskäschten pro Ekipp: 30€
  • Betrag muss 1 Woch am viraus op de Compte vum LSK iwwerwise ginn, soss verfält d’Umeldung

Kontosnummer LSK: LU22 0019 3955 9543 8000

Kommunikatioun: „Numm vum Cercle“ + „Numm vum Kapitän“ – IC 2025

Info: Wann dir als Cercle d’Umeldungskäschten fir är Ekippe wëllt bezuelen da gitt déi selwecht Kommunikatioun un. Dir kënnt eis da kontaktéieren fir eng Rechnung ze kréien.

Fir et fir all Cercle méi fair ze maan an ze garantéieren dass all Cercle d’Chance kritt matzemaachen gëtt et eng Waardelëscht. Et kënne max. 32 Ekippe matspillen. Pro Cercle kënnt der bis zu 4 Ekippen direkt umellen an all weider Ekipp kënnt op eis Waardelëscht, a mir fëllen d’Lëscht nom Oflaf vun der Umeldungsfrist nom Prinzip „first come first served“ op.

D’Umeldung vun der Ekipp kënnt der hei maan: https://u.lsk.lu/app/form?id=v79T1Q

(Deadline: 9. Juni 2025 23h59)

Dir wëllt iech als Eenzelpersoun umellen?

Egal op Spiller, Spectateur oder Sympathisant vun engem Cercle. Bei eis ass jiddereen häerzlech wëllkomm.

Info: All Spiller aus enger Ekipp muss sech als och Eenzelpersoun umellen!

  • Betrag fir Flatrate-Party + Busnavette: 30€ fir net Membere | 25€ fir Membere vum LSK
  • De Betrag muss bis 2 Deeg virum Intercercle (17. Juni 2025, 23h59) op den LSK Compte iwwerwise ginn, soss verfält är Umeldung.

Kontosnummer LSK: LU22 0019 3955 9543 8000

Kommunikatioun: „Numm + Virnumm“ – IC 2025

D’Umeldung al Eenzelpersoun kënnt der hei maan: https://u.lsk.lu/app/form?id=iDynow

(Deadline: 17. Juni 2025 23h59)

Mir freeën eis iech all de 19. Juni kënnen ze begréissen,

Den LSK Comité!