Student fir 1 Dag

Als 1ère oder 13ème Schüler steet en viru wichtegen Entscheedunge fir d’Zukunft. Soll ee studéiere goen oder net? An weieng Uni ass fir mech iwwerhaapt déi richteg? De Projet «Student fir 1 Dag» bitt dir eng eemoleg Geleeënheet, dir d’Uni souwéi d’Fachhéichschoul vu Kaiserslautern souwéi d’Staat op eng ganz besonnesch Aart a Weis kennen ze léieren an dir bei dengen Entscheedungen ze hëllefen.

D’Fotoe vun der Editioun 2017 fannt dir hei: Fotoen

Umelle kanns du dech iwwert d’Säit vun der ACEL ënnert dësem Link: Umellen

Iwwert d’Facebook-Veranstaltung bleifs du iwwer weider Detailer um lafenden.

Programm 12. Abrëll 2017:

10:00 Arrivée zu Lautern un der technescher Universitéit
tu-kl-rgb
Presentatioun mat Informatiounen
An engem Virliesungssall kritt dir eng kleng Presentatioun iwwer Lautern, d’Universitéit, ‘Héichschoul, d’Studiëgäng an d’Liewen als Student.
11:15 – 12:15 Rundgang un der technescher Universitéit
Wann genuch Leit vun de verschiddene Fachrichtungen do sinn, deele mir Schüler a Gruppen an. Sou kritt een genau den
Fachberäich gewisen, deen een interesséiert.
12:30 – 14:30 Iessen am “Restaurant Pizzeria Milano”
Gutt, vill an direkt bei der Héichschoul.
14:30 – 16:00 Rundgang um Site vun der Héichschoul
Mir kucken ee vun den 4 Standuerter vun der Héichschoul. Mir kucken de Site an dat neit Gebai.
FH-Logo
16:00 – 18:00 Tour duerch Lautern
Mir kucken eis d’Stad un, drénken ee Patt an loossen den Dag zu Lautern lues auskléngen.
bier1
18:00 Retour op Lëtzebuerg