Den Intercercle vun Kaiserslautern ass een vun deenen gréissten deen et an der Form gëtt an ass dofir bei all LSK-Member och fest am Kalenner verankert. Hei invitéiert den LSK déi aner Studentencercelen aus dem Ëmfeld fir sech zu Steinwenden am Beachvolleyball géinteneen ze moossen. Mee den sportlechen Aspekt ass hei nëmmen zweetrangeg. Al Kolleegen aus aneren Cerclen rëmgesinn an dat bei engem kalen Gerstensaaft an mat enger mat léift gemaachter Grillwurscht vun eisen Grillmeeschteren. Dat ass fir wat den Intercercle vu K’Lautern bekannt ass. Ausserdeem kann een no engem ustrengenden Beachvolleyballturnéier dann op d’Hochenecken an den Bësch weiderzéien an do an enger Grillhütt, wäit ewech vun der Zivilisatioun, bis an d’Nuecht eran féieren an dat alles mat den aneren Cerclen.