TU Kaiserslautern

tu-kl-rgb

Studéieren un der TU-Kaiserslautern:

E Video iwwer d’TU

Kuckt och weider Video’en vun der TU

Op der TU kann ee folgend Saachen studéieren:
  • Architektur
  • Bauingenieurwesen
  • Biologie
  • Chemie
  • Elektrotechnik und Informationstechnik
  • Informatik
  • Maschinenbau und Verfahrenstechnik
  • Mathematik
  • Physik
  • Raum- und Umweltplanung
  • Sozialwissenschaften
  • Wirtschaftswissenschaften

Waat muss ech alles hunn fir mech anzeschreiwen?

  •  Een ausgefëllten Aschreiwungsformulär
       Ob folgendem Site gëss de alles iwwert d’Bewerbung un der TU gewuer
  • Eng amtlich Kopie vum Oofschlossdiplom op däitsch
       Lëtzebuergesch Diplômer si multiligual
  • Eng Passfoto
  • Krankenkeesekaart
       Mat dëser Kaart muss een dann bei eng däitsch Krankekees goen                                  (Technikerkrankenkasse an AOK hu bei der Uni Büro’en)
Wéini kann ech mech aschreiwwen?
Wantersemester:
  • Zulassungsbeschränkt: 15.07.
  • Zulassungsfrei: 31.08.
Summersemester:
  • Zulassungsbeschränkt: 15.01.
  • Zulassungsfrei: 28.02.
Dës Datumer zielen fir all Joer!
i
Kascht daat och eppes?

Jo, fir Lëtzebuerger (Auslänner) fällt eng Bearbeitungsgebühr un vun 50€
Dobäi kënnt een Sozialbeitrag (Semestergebühren) vun ca. 200€, do si mat drann:

  • Reduktioun am Theater, Kino, Piscinen, …
  • Studierendenticket, d.h. gratis öffentlichen Transport (Bus an Zuch) an Lautern selwer an am Ëmkrees vun ca. 50km

Gëtt ët en Opnahmexamen oder Numerus Clausus?

Verschidde Fachberäicher sinn zulassungsbeschränkt, mee Numerus Clausus an Opnahmexamen ginn et keng. Zulassungsbeschrängt heescht, dass wann sech der méi mellen, wéi Plaatz ass, gi just déi Bescht geholl.