Schroeder & Associés

DSC_0009Eng weider Entrevue hate mir dann dësen Donneschden den 30.11 mam Büro Schroeder & Associés.

Mir hunn eis scho frei um Owend um Chrëschtmaart getraff fir bei deem kale Wieder ee Glühwäin ze drénken an zesummen an d’Gespréich ze kommen. Dono ass et weider gaangen an de Restaurant Filippo wou mir vun de Vertrieder vun Schroeder & Associés eng Presentatioun iwwert den Büro an hier Projete gewise kruten an eis e puer Andréck iwwert hire Métier maache konnten. Während dem Iessen hat jiddereen nach d’Méiglechkeet seng Froen ze stellen an sech weider ze informéieren. Nom iessen hunn mir et eis net huelen gelooss fir nach en Patt an d’Staat drénken ze goen.

Mir soen Schroeder & Associés villmools Merci fir dee flotten Owend an hoffen si deemnächst erëm zu Lautern kennen ze begréissen.

Leave a Reply