Karting Challenge

KartingLo wou di meescht wahrscheinlech éischter d’Wanterpneuen opleeën, leeën mir den 22. November ganz aner Schlappen op; Léif Memberen, et ass nees Zäit fir eis alljäerlech Karting Challenge, wou mer dann endgülteg klären wien dee besseren hannert dem Steier ass. Anescht wéi een et mëttlerweil op der Autobunn gewinnt ass, ginn et hei keng Chantieren oder Kontrollen déi een ophalen; Bunn fräi fir dee beschte Fuerer!

Gefuer gëtt 10 Minutten Qualifikatioun an em di 20 Minutten Rennen, dat ganzt fir 39€ pro Persoun. Ween säin eegenen Helm huet, soll deen matbréngen. Déi keen hunn mussen eng Cagoule bei hinnen leien/kafen fir 2 €.

Loosst iech dësen flotten Owend net entgoen. Umellen kenn dir iech bis den 20. November 23:59 op dëser Säit. D’Unzuel un Participanten ass momentan op 20 Léit begrenzt, dëst kann sech je no Undrang nach no Uewen erweideren.

Dat ganzt fënnt zu Kaiserslautern-Erfenbach statt, also puer Minutten Auto vu Kaiserslautern ewech. Treffpunkt kennt per E-Mail no.

Leave a Reply