HS Kaiserslautern

FH-Logo

Studéieren un der FH-Kaiserslautern:

E Video iwwer d’FH

Kuckt och weider Video’en vun der FH

Op der FH kann ee folgend Saache studéieren:
Standort Kaiserslautern:
Campus Morlauterer Straße (Fachbereich AING)
Campus Kammgarn, Schoenstraße (Fachbereich BG)
Fachbereicher:
  • Maschinenbau
  • Elektrotechnik/Informationstechnik
  • Bauingenieurwesen
  • Architektur
  • Innenarchitektur
  • Virtual Design
Standort Pirmasens
Campus Pirmasens (Fachbereich ALP)
Fachbereicher:
  • Angewandte Logistik
  • Polymerwissenschaften
Standort Zweibrücken
Campus Zweibrücken (Fachbereich BW und IMST)
Fachbereicher:
  • Betriebswirtschaft
  • Informatik Mikrosystemtechnik

Waat muss ech alles hunn fir mech anzeschreiwen?

  •  Een ausgefëllten Anschreiwungsformulär
       Op folgendem Site gëss de méi iwwert d’Bewerbung un der HS gewuer
  • Eng amtlich Kopie vum Oofschlossdiplom op däitsch
       Lëtzebuergesch Diplômer si multiligual
  • Eng Passfoto
  • Krankenkeesekaart
       Mat dëser Kaart muss een dann bei eng däitsch Krankekees goen                                      (Technikerkrankenkasse an AOK hunn bei der Uni Büro’en)
  • Een Liewenslaaf
Wéini kann ech mech aschreiwwen?
Wantersemester:
  • Zulassungsbeschränkt: 15.07.
  • Zulassungsfrei: 31.08.
Summersemester:
  • Zulassungsbeschränkt: 15.01.
  • Zulassungsfrei: 28.02.
Dës Datumer zielen fir all Joer!
i
Kascht daat och eppes?

Jo, fir Lëtzebuerger (Auslänner) fällt eng Bearbeitungsgebühr un vun 50€
Dobäi kënnt een Sozialbeitrag (Semestergebühren) vun ca. 200€, do sinn mat drann:

  • Reduktioun am Theater, Kino, Piscinen, …
  • Studierendenticket, d.h. gratis öffentlichen Transport (Bus an Zuch) an Lautern selwer an am Ëmkrees vun max. 50km

Gëtt ët en Opnahmexamen oder Numerus Clausus?

Verschidden Fachberäicher sinn zulassungsbeschränkt, mee Numerus Clausus an Opnahmexamen ginn et keng. Zulassungsbeschrängt heescht, dass wann sech der méi mellen, wéi Plaatz ass, gi just déi Bescht geholl.