LSK Beachvolleyball Intercercle

09jun9:30 amLSK Beachvolleyball Intercercle

Event Details

Léif Frënn vum LSK,

Zu Lautern ginn d’Netzer erëm gespaant, no 2 Joer Abstinenz gëtt et rëm Zäit fir eisen traditionellen Beachvolleyballs-Intercercle.

🏐Wéini?
Den 9/10. Juni 2022

Oflaf vum Dag:

Moies um 9h30 treffen mer eis zu Hohenecken bei der Grillhütt wou och den Dag Owes op en Enn wäert goen. Vun do aus kennt Dir vun eiser Busnavette profitéieren, déi moies vun Hohenecken op Steinwenden fiert an owes erëm zeréck. Zu Steinwenden bei den Beachterrain ukomm, kennt der an den Vestiaire an är Sportssaachen (Bikini, Box, Schung, Duschsaachen, …) schlüpfen an iech prett vir den Tournoi maachen. Nom kuerzen Briefing geet den Spaass och schoun lass an Cerclen kennen sech am Beachvolleyball géint ënnen moossen, ugeféiert vun hiren Spectateuren.
Mee net nëmmen fir den sportlechen Deel ass gesuergt, iwwert den Dag geet et lëtzebuergeschen Béier, Sangria an Gegrills fir den Honger zwëschenduerch. Nom Tournoi geet et rëm mat der Navett zeréck op Hohenecken bei Grillhütt.
Hei erwaart Iech eng grouss Flatrate-Party mat BBQ, Zalotebuffet, Béier, Musék Partystëmmung, an an an..
Schlofen kënnt der an ärem Zelt, Auto oder ënnert dem Stärenhimmel..Den aneren Dag moies gëtt et nach e klengen Käffchen an eng Metch zweschen Zänn, befiert et fir Iech rëm Heem geet.

Adress Hohenecken Grillhütt: https://goo.gl/maps/4gUe8E9YYy8bp2Tz7
Adress Steinwenden Beachterrain: https://goo.gl/maps/F7GXuNMEmwVbHpeF8

Dir wëllt als Cercle eng Equipe(en) umellen?!

– Gespillt gëtt zu 4 an enger Equippe (eventuell en Ersatzspiller aplangen)
– Reegelwierk souwéi och den Spillplang kritt den Responsabel vum Cercle spéitstens 3 Deeg virum IC per Mail zougeschéckt
– Unmeldungskäschten pro Equipe léien bei 25€.
– Den Betrag soll am Virfeld op Konto vum LSK iwwerwiesen ginn.

Kontosnummer vum LSK: LU22 0019 3955 9543 8000Kommunikatioun: „Numm vum Cercle + Numm vum Kapitän“ – IC 2022- Umeldung vun der Equipe geschitt ënnert folgenden Link(Deadline:5.Juni inclus): https://www.lsk.lu/cercle/aktiviteiten/intercercle/ekippen/

Dir wëllt Iech als Persoun umellen?! – Awer net nëmmen Sportler déi spillen ginn zu Lautern gären gesinn, all Spectateur oder Sympathisant vun engem Cercle ass häerzlech op eisen Intercercle agelueden
– Betrag fir Flatrate-Party+Busnavette: 30€ fir net Memberen | 25€ fir Memberen vum LSK
– Den Betrag kann am Virfeld op den Konto vum LSK iwwerwiesen ginn oder sur-place den Daag selwer bezuelt ginn

Kontosnummer vum LSK: LU22 0019 3955 9543 8000Kommunikatioun: „Numm Virnumm“ – IC 2022- Mir géifen ausserdeem all Persoun aus organisatoreschen Grënn bieden iech ënnert folgenden Link unzemellen: https://www.lsk.lu/cercle/aktiviteiten/intercercle/intercercle-umeldung/

Mir freeën eis op iech,
Den LSK Comité🐟

more

Time

(Thursday) 9:30 am

Nach oben