
Event Details
Den LSK organiséiert fir seng Memberen Lasertag am World of Lasertag Kaiserslautern. Et ass eng Stonn Exklusiv fir den LSK reservéiert, an et ginn entweder 2 laang Ronnen
Event Details
Den LSK organiséiert fir seng Memberen Lasertag am World of Lasertag Kaiserslautern. Et ass eng Stonn Exklusiv fir den LSK reservéiert, an et ginn entweder 2 laang Ronnen oder 3 kuerz Ronnen gespillt.
Den Treffpunkt ass um 18:45 am Laserforce Kaiserslautern (Straßburger Allee 8, 67657 Kaiserslautern), sidd w.e.g. pünktlech do.
Ditt am beschten „sportlech“ Saachen (Turnschlappen, T-Shirt, …) un, well een dach relativ vill ronderëmleeft.
Schwaarz Kleeder si vu Virdeel, well dobannen nëmmen UV Luucht ass, reflektéiere wäiss/hell Saache staark.
Dat ganzt ass op 15 Platze begrenzt, also maacht séier.
Hei de Link fir d’Umeldung: https://u.lsk.lu/forms/lsk-lasertag-2022/0
De Spaass kascht 10€, déi der am Viraus op den LSK-Kont iwwerweise musst.
Kontosnummer vum LSK: LU22 0019 3955 9543 8000
Communication: <Numm Virnumm> – Lasertag 2022
An dem Sënn op eng gutt Hitratio.
Pew pew 🔫
Ären LSK Comité
more
Time
(Wednesday) 6:45 pm
Location
Laserforce Kaiserslautern
Straßburger Allee 8, 67657