Dir kënnt zwëschen 2 Formullen wielen:

    Formule A: Dir kommt Freides den 3ten Juni 2022 am Nomëtteg op Kaiserslautern an huelt um Programm bis Sonndes Mëttes den 5ten Juni deel
    ODER
    Formule B: Dir kommt Just Samschdeg Owes den 4ten Juni 2022 um 18:30 Auer op d'Soirée (Casual Chic) am Twenty One


    Formule A

    Freides, den 3. Juni

    Freides treffen mer eis um 18:00 Auer am Foyer vum Audimax (Gebai 42) op der Uni fir eng Receptioun mat Patt an uschléissender Begréissungsried vum LSK Präsident.
    Dono geet et op eng Visitt vum Altstadtfest.

    Samschdes, den 4. Juni

    Moies

    Samschdes Moies starten mer direkt mat engem klengen Rallye duerch Kaiserslautern an den Dag.

    Mëttegiessen

    Nom den villen lafen gëtt et dann dat wuel verdéngten Mëttegiessen an engem klassesche Pfälzer Lokal, dem Spinnrädl.

    Hei hutt Dier den Choix tëschent dräi Platen

    Als Dessert gëtt et waarmen Apfelstrudel mat Vanilleszooss an Schlagsan

    Nomëttegaktivitéiten

    No dem gudden Mëttegiessen kommen dann déi verschidden Visitten.

    Hei huet een de Choix aus folgendem

    Eng kleng Beschreiwung vun den Visitten:

    Des Kaisers Spuren

    Biergeschichte und Eiskeller

    Gartenschau

    FCK Museum

    Owesiessen

    Deen Samschdeg Owend treffen mer eis dann an 80m Héicht um 21sten Stack vun der Gemeng vun Kaiserslautern fir mateneen ze féieren. Bei engem grandiosen Buffet an dem engen oder aneren Glas Wäin, ass fir d’Gespréich an de Spaass an enger eenzegaarteg Ambiance gesuergt.
    Et wäert deen Owend en Entréesbuffet mat Terrassenbarbecue an Gedrénks inclus ginn, den Dresscode ass Casual Chic.


    Sonndes, den 5. Juni

    Sonndes Mëttes verschléit et eis zum Ofschloss an d'Pizzeria Milano bei der Héichschoul wou der als Stäerkung virun der Heemrees zwëschen Pizza oder Pasta à la Carte wielen kënnt.


    Formule B

    Den Samschdeg Owend treffen mer eis an 80m Héicht um 21sten Stack vun der Gemeng vun Kaiserslautern fir mateneen ze féieren. Bei engem grandiosen Buffet an dem engen oder aneren Glas Wäin, ass fir d’Gespréich an de Spaass an enger eenzegaarteg Ambiance gesuergt.
    Et wäert deen Owend en Entréesbuffet mat Terrassenbarbecue an Gedrénks inclus ginn, den Dresscode ass Casual Chic.