Wëllkomm beim LSK
Op eiser Internetsäit kënn dier eis kennen leieren an och eis Aktivitéiten verfollegen. Mir begréissen gären nei Memberen, déi den Wee bei eis op Lautern fonnt hunn.
Eise Veräin ass politesch a religiéis neutral an huet keen aneren Zweck, wéi d’Studentenliewen opzelackeren.
De Club ass 1981 vu 7 Leit gegrennt gin an ass zenter hier ëmmer méi grouss ginn.
De Moment studéieren zirka 200 Lëtzebuerger zu Lautern, dovun sin der ronn 60 am LSK. Et muss een net onbedëngt Lëtzebuerger sinn fir am LSK ze sin, mee fir aktive Member ze gin sollt een schons studéieren.
Eis Aktivitéiten konzentréieren sech um kulturellen Plang: Am November haalen mer eis Caribbean Night oof. Um JNE’s Bal am Juli, deen vun der Acel organiséeiert gëtt sinn mer natierlech och vertrueden. Am Wanter eis berühmten Chreschtfeier mat all eisen Memberen, mir hun e Grillfest fir Nationalfeierdaag fiir eis Memberen. Um Uni-Summerfest sinn mer mat engem Grill- an Schampesstand vertrueden, organiséieren déi eng oder aaner Visite an Däitschland oder doheem an bereeden all Joer eng Bistropiade (3-Kampf am Kicker, Dart an Billiard) vir, publizéieren eng Zeitung, den Luxi-Spam, gin eis Info-Brochure eraus an sin selbstverständlech och am Internet vertrueden.
Donieft sinn mer op der Foire de l’Etudiant präsent, sin Mëmber vun der Acel an sinn och soss virbäi wann eppes leeft.
Mir hun eis eegen Sportsequipen, am Fussball an Volleyball an dofir och Terminer op der Uni wou d’Terrainen fir eis reservéiert sin.
Wat net feelen däerf ass eisen Stammdësch, wou mir eis all Dënschdeg treffe fir ze schnessen.
Onst Infobried hängt op der Uni niewent dem Bicherbuttek “Geschwister Schmidt”, wou dir all aktuell Informatiounen, déi speziell d’Lëtzebuerger betreffen, kennt kréien.
Duerch den LSK léiert een méi séier aner Leit kennen. Dat ass vun Virdeel well een esou seng Erfahrungen mat deenen eeleren Semestler austauschen kann.
Eisen Veräin ass ëmmer bereet fir ze hëllefen wann et Problemer ginn, zumols den Éischtsemestler, déi sech nach aliewen mussen a frou sin fir all Hëllef déi se kréien.
Dofir zeckt net an mell dech op info@lsk.lu .


